Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: hei gi Saachen duerchernee gehäit |
KDE | |
Entwéckler: | KDE-Team |
Lescht Versioun: | 5.16 (6. März 2019) |
Betribssystem: | Linux, Unix |
Kategorie: | Desktop-Environment |
Lizenz: | GPL, LGPL |
Websäit: | www.kde.org |
KDE ass eng fräi verfügbar, modern graphesch Benotzeruewerfläch mat villen Zousazprogramme fir den alldeegleche Gebrauch. KDE ass an éischter Linn fir Linux- an Unix-Aarbechtsstatiounen entwéckelt ginn a baséiert op der Graphikbibliothéik Qt vun der norwegescher Firma Trolltech.
KDE ass en eenheetlech opgebauten, grapheschen Aarbechtsentourage, dee sech virun allem duerch Netzwierktransparenz, eng zäitgeméiss Aarbechtsphilosophie an en opfallende grapheschen Design auszeechent. KDE gëllt als eng flexibel Uewerfläch, déi dem Benotzer vill verschidden Astellungsméiglechkeete bitt, ugefaange bei der Optik bis hin zum Verhalen, fir se un déi perséinlech Bedierfnesser unzepassen. Mam Zil vollwäerteg, konsistent a liicht benotzbar ze sinn, ass KDE ze vergläiche mat den Uewerfläche vu Windows, Mac OS oder dem GNOME-Projet, déi all änlech Zilsetzunge mat liicht anere Prioritéite verfollegen.